Crossgolf Cup Lëtzebuerg

3. Crossgolf Tournoi de 15. August 2010 zu Luerenzweiler

20 May 2008
8:50 AM

Wou kréien ech meng Ausrüstung hier?

Posted by Sven

Am einfachsten a gënschtegsten kritt een déi néideg Ausrüstung iwer Internet. Hei ass eng kleng Auswiel vun Online Shops déi sech zum Deel och speziell mat Crossgolf befaassen :

  • eBay : Hei kritt een einfach alles, ob gebraucht oder nei. Mat e bessen Chance kann een esou e gebrauchten Set Schléier mat Golfbag fir enner 30 Euro steen.
  • Shop vum Crossgolf-Portal : E Shop speziell fir Crossgolfer. Hei kritt een och extra Material, wéi z.B. Bäll déi am Däischteren liichten, gebrauchte Schléier, oder e kompletten Crossgolf Set. Leider ass d’Auswiel am Allgemengen relativ kleng.
  • Marken-Golf.de : En online Shop mat enger spezieller Rubrik fir Crossgolf. Hei huet een och eng grouss Auswiel u Bäll an Accessoiren.
  • Golf und Günstig : Hei kritt een zwar nemmen nei Saachen ze kaafen, an si hun och keng speziell Crossgolf Rubrik, mee dofir ass d’Auswiel grouss an d’Präisser sin interessant. En neien halwe Set Schléier (1x Holz, 4x Eisen, 1x Putter) kascht z.B. ronn 90 Euro.

Mee och “offline” gin et Méiglechkeet fir Material ze kaafen, och wann hei nach keen eppes vun Crossgolf héieren huet :

  • Golf Planet : E Shop mat klasseger Golf Ausrüstung. Et gin awer och emol interessant Promoen an gebrauchte Schléier (awer nach emmer deier) ze kaafen.
  • Hole in one : E flotten, neien Shop, deen e bessen verstoppt an der Industrie Zone um Howald läit. Hei kritt een nemmen neit Material, an ass fir Crossgolfer mat klengem Budget vläicht manner interessant. Dofir fennt een hei schick Accessoiren wéi z.B. Kaapen, Golfhändschen, oder Kleeder am Allgemengen.

Am gënschtegsten könnt een, wéi gesot, iwert den Internet u séng Crossgolf Ausrüstung. Mee et muss een awer op d’Transporkäschten oppassen, déi vun Däitschland op Lëtzebuerg emol richteg deier könne gin.

Tags:

E Kommentär schreiwen