Crossgolf Cup Lëtzebuerg

3. Crossgolf Tournoi de 15. August 2010 zu Luerenzweiler

Umellen kann een sech am Viraus oder den Dag selwer sur Place. Wien sech am Viraus umellt, kritt och am Viraus eng fest Startzäit matgedeelt. Wien den Dag selwer spontan matmaache well, muss eventuell e bessen waarden.

D’Participatioun bedréit 5 Euro pro Persoun, woubei een Softgolfball inclus ass.

Umellen am beschten via E-mail (op info <at> crossgolf-cup <punkt> com), mat folgenden Informatioun (fir all Persoun, wann een e puer Leit op emol umellt):

  • Numm + Virnumm
  • E-mail Adress (fir der Bescheed ze soen wéini deng Grupp fort geet)
  • Telefonsnummer (falls mer dech den Dag vum Cup mussen erreechen)
  • Ongeféier Startzäit (ouni Garantie!)
  • Wells du een Schléier léinen? Maximal könne mer just een Schléier pro Persoun verléinen.

Et kann een sech awer och iwer Telefon um +352 691 309737 umellen.

E Kommentär schreiwen