Och wann Crossgolf a Punkto Regelen net vill mat dem normalen Golf ze din huet (am Prinzip gin et keng fix Regelen), sou gin et beim Cup awer e puer Punkten un déi all Participant sech muss haalen:
- Safety first! Secherheet geet vir. Et heescht also oppsassen datt keen Onbedeelegten op der Bunn steet, a keen ronderem steet wann een de Ball spillt.
- Ass een Ball onspillbar, dierf en em 1 Schléierlängt strooffräi besser geluecht gin ouni awer méi no um Ziel ze leien. Fillt een Ball an den Aus (wou deen ass, gett pro Lach emmer bekannt gin) oder geet verluer, kritt de Spiller 1 Stroofschlag opgeschriwen.
- Et ass net erlabt express op Fensterscheiwen, Gebeier am Allgemengen, oder Persounen / Déieren ze schéissen.
- Et dierfen just Eisen (3 bis 9) a Wedges (PW, SW, LW, …) benotzt gin.
- Bei Crossgolf Cup dierf nemmen mat de Softgolfbäll gespillt gin, déi d’Organisateuren zur Verfügung stellen.
- Fir e flessegen Spilloflaf ze garantéieren, soll net getrentelt gin.
- D’Uweisungen vun den Organisateuren musse befollegt gin.
Wien sech net un dess Spillregelen hällt, gett disqualifizéiert a kann säin Startgeld net zréck fuederen.




E Kommentär schreiwen