Crossgolf Cup Lëtzebuerg

3. Crossgolf Tournoi de 15. August 2010 zu Luerenzweiler

18 May 2008
23:35

Crossgolf Ausrüstung

Posted by Sven

Wat brauch een eigentlech fir Crossgolf ze spillen, a wat kascht dat? Amfong brauch een wirklech net vill Material, an et brauch een och net vill Suen dofir auszegin.

Golfschléier

GolfschléierDe Schléier ass natirlech dat wichtegst beim Crossgolfen. U sech könnt een schon ganz gudd mat engem eenzegen Eisen aus. Als gudde Kompromiss gëlt hei een 7er Eisen. D’Zuel vun engem Eisen informéiert iwregens iwert d’Schréi (Fachbegrëff “Loft”) vum Schléierkapp. Wat méi flach, wat de Ball méi wäit flitt. Nëtzlech sin och Wedges wéi zum Beispill e Pitching Wedge (PW) oder Sand Wedge (SW). Dess hun een relativ héigen Loft, an eegenen sech besonneg gudd a schwieregem Terrain (Sand, héicht Gras).

Fir den Ofschlag sin Hölzer ganz gudd ze gebrauchen. Virun allem den typeschen “Klong” wann een de Ball richteg mat deem riesen Schéierkapp trefft, ass einfach derwert esou een Schléier an sengem Sortiment ze hun.

Schliesslech gett et nach de Putter, deen een och vum Mini-Golf hier kennt. Desen eegent sech awer nemmen bedingt fir Crossgolf, vu datt een nemmen seelen e schéinen “Green” huet wou een kann drop putten.

Weider Détailer iwert déi verschidden Zorten vun Schléier kritt een op Wikipedia.de.

Am bellegsten könnt een un e Satz Schléier, wann een sech z.B. op eBay e gebrauchte Satz steet. Et gin awer och e puer interessant Online Shoppen, mee heirop kommen ech an engem separaten Bäitrag zréck. Gebraucht kann een mat vill Chance e komplette Set schon fir ca. 25 bis 50 Euro kréien.

Bäll

GolfballCrossgolf kann een mat klengen Tennisbäll, Softgolfbäll, Softgummibäll, oder Trainingsbäll spillen. Mee am meeschte Spass mecht et definitiv mat richtege Golfbäll. Och hei ass et am gënschtegsten wann een gebrauchte Bäll am 30er oder direkt am 100er Paak keeft, well et geet sécher méi wéi een verluer :)

Besonneg beléiwt a gënschteg sin sougenannt Lakeballs (ofgesoffe Bäll déi aus de Weiheren op de Golfterrainen erem erausgefëscht gin), oder Rangeballs (Bäll déi benotzt gin fir Ofschléi ze trainéieren). Wann een awer nei Bäll well kaafen, dann am beschten direkt am grell orange, oder giel. Déi fennt een einfach besser um Terrain erem.

Déi bëllegst gebrauchte Bäll kaschten sou ab ca. 30 Cent pro Ball. Nei Golfbäll kritt een ab ca. 70 Cent.

Accessoiren

IMG_5360.JPGE Ball an e Schléier gin amfong schon duer fir Crossgolf ze spillen, mee et gin nach eng Rei Accessoiren déi d’Spillen erlichteren.

E Golfbag ass extrem nëtzlech soubaal een méi wéi een Schléier huet. Nierwt de Schléier kann dobei och e puer Golfbäll an Tee’en dran verstauen. Et brauch een awer net onbedéngt sou een riesen Deel fir eng Dozen Eisen an Hölzer. Wann een just e klengen Set huet, eegent sech och prima e sougenannten Pencilbag (deen op der Foto kascht ca. 25 Euro).

En Tee ass dee klegen Holzbengelchen wou een de Golfball fir den Ofschlag drop setzt. Des sin tiptop fir op der Wiss oder um Feld en Ofschlag ze maachen, mee um Beton bréngen déi natirlech näicht. Fir um harde Buedem een Ofschlag ze maachen, eegenen sech sougenannt Wintertees, déi aus Kautschuk bestinn.

Dat wier u sech dat wichtegst wat een als Crossgolfer sou brauch. Wien dann och nach gudd beim Crossen well ausgesin, dee keeft sech nach een Visor an eng Golfhändsch :)

Tags:

E Kommentär schreiwen