Archive for the ‘Crossgolf Cup’ Category
Eigentlich war dieses Jahr kein Crossgolf Cup geplant, da wir als Pfadfinder Gruppe ein internationales Lager vor zu bereiten haben was bereits mit viel Arbeit verbunden ist. Da die Nachfrage aber immer noch groß ist, haben wir von der Gelegenheit profitiert und das Lager mit dem Crossgolf Cup verbunden. So findet die 3. Auflage am 15. August 2010 während der Krimes auf unserem Pfadfinderlager statt!
Wir hoffen dass wieder viele Leute teilnehmen bei diesem tollen Event!
D’Fotoen an d’Resultater vum Crossgolf Cup 2009 sin online! Merci nach eng Kéier un all d’Leit déi gehollef hun, an un déi 37 Participanten.
Mir hun elo een Datum fir déi 2. Oplag vun eisem Crossgolf Tournoi, an zwar fënnt desen de 9. Mee 2009 erem zu Luerenzweiler statt. Schreiwt iech desen Datum also schon an ären Agenda, et get bestemmt erem flott!
D’Wieder huet et geschter gudd mat eis gemengt, a sou haaten 28 Participanten vill Spass beim 1. Crossgolf Tournoi zu Luerenzweiler. D’Resultater kann een am Détail ennert Resultater 2008 noliesen.
An der Galerie gin et ausserdem eng ganz Rei Fotoen vun deem flotten Event. Wann nach een weider Fotoen huet, kann en mer déi gären mailen.
Vun hei aus nach eng Kéier e groussen Merci un all d’Participanten, an jidereen deen eis gehollef huet!
Nach séier e läschten Bäitrag, ier et muer lass geet. An zwar hu mer nach e puer ganz flott Präisser kritt fir déi beschte Crossgolf Spiller um Tournoi. Nierwt e puer Golfbäll, Golfhanddicher, an Akafsbongen am Hole in one Shop, hu mer enner aanerem och nach een Putter-Set vir am Büro ze golfen, Mini MagLiten, Golf-Bicer, an, an, an.
Wéi ee gesäit, lount et sech also op alle Fall fir matzemaachen!
Am Moment gesäit d’Wieder jo net sou immens aus:
Mee dat hält eis awer selbstverständlech net dervun of fir de Samschden ze crossgolfen … Ausser et gett een fatzegt Donnerwieder mat schéine Blëtzer. Dann ass et net onbedéngt fir de Golfschléier um opene Feld ze schwéngen
Mee bon, da warde mer einfach bis d’Schauer eriwer ass, an da gett et eréischt richteg lëschteg wann de Ball an e Pull flitt
Bei de Kollegen vun Iron 7 hun ech e coole Video vun Urbangolfer (= Crossgolf an der Stat) fonnt:
Bei YouTube gin et iwregens eng hëlle Wull vun lëschtegen Crossgolf Videoen.
Am einfachsten a gënschtegsten kritt een déi néideg Ausrüstung iwer Internet. Hei ass eng kleng Auswiel vun Online Shops déi sech zum Deel och speziell mat Crossgolf befaassen :
- eBay : Hei kritt een einfach alles, ob gebraucht oder nei. Mat e bessen Chance kann een esou e gebrauchten Set Schléier mat Golfbag fir enner 30 Euro steen.
- Shop vum Crossgolf-Portal : E Shop speziell fir Crossgolfer. Hei kritt een och extra Material, wéi z.B. Bäll déi am Däischteren liichten, gebrauchte Schléier, oder e kompletten Crossgolf Set. Leider ass d’Auswiel am Allgemengen relativ kleng.
- Marken-Golf.de : En online Shop mat enger spezieller Rubrik fir Crossgolf. Hei huet een och eng grouss Auswiel u Bäll an Accessoiren.
- Golf und Günstig : Hei kritt een zwar nemmen nei Saachen ze kaafen, an si hun och keng speziell Crossgolf Rubrik, mee dofir ass d’Auswiel grouss an d’Präisser sin interessant. En neien halwe Set Schléier (1x Holz, 4x Eisen, 1x Putter) kascht z.B. ronn 90 Euro.
Mee och “offline” gin et Méiglechkeet fir Material ze kaafen, och wann hei nach keen eppes vun Crossgolf héieren huet :
- Golf Planet : E Shop mat klasseger Golf Ausrüstung. Et gin awer och emol interessant Promoen an gebrauchte Schléier (awer nach emmer deier) ze kaafen.
- Hole in one : E flotten, neien Shop, deen e bessen verstoppt an der Industrie Zone um Howald läit. Hei kritt een nemmen neit Material, an ass fir Crossgolfer mat klengem Budget vläicht manner interessant. Dofir fennt een hei schick Accessoiren wéi z.B. Kaapen, Golfhändschen, oder Kleeder am Allgemengen.
Am gënschtegsten könnt een, wéi gesot, iwert den Internet u séng Crossgolf Ausrüstung. Mee et muss een awer op d’Transporkäschten oppassen, déi vun Däitschland op Lëtzebuerg emol richteg deier könne gin.
Läschte Weekend hun ech fir d’éischte Kéier eis Tournoisbäll getest. Ech sin wirklech erstaunt wéi gudd se fléien (wann een se dann emol richteg trëfft). Wann een se sou am Grapp huet fillen se sech wirklech no “Plastik Fantastik” un, a si gesin och esou aus. Och vum Gewiicht hier sin se däitlech méi liicht wéi normal Golfbäll. Mee dat soll jo och esou sin, vu datt mer jo keng Fensteren duerch- oder Leit of- schéissen wëllen
D’Bäll spillen sech, wéi gesot, awer tiptop.
Eenzegen Nodeel : et fënnt een se genau sou schlecht am héigen Graass erem wéi déi normal Golfbäll
A vu datt se aus relativ mellem Plastik sin, muss een och oppassen, datt den Hond se net erwëcht, well soss sin se séier platt geknaat. Gell Herbie? Lecker Ballaballa.






