Crossgolf Cup Lëtzebuerg

3. Crossgolf Tournoi de 15. August 2010 zu Luerenzweiler

Jul
08

Oplag 2010 den 15. August!

Posted by Sven

Eigentlech war dest Joer keen Crossgolf Cup geplangt, vu datt mer als Guiden a Scouts Grupp een internationalen Camp vir ze bereeden hun an dofir schon vill Arbecht hun. Mee vu datt d’Nofro awer emmer nach grouss ass, hu mir vun der Gelegenheet profitéiert fir de Camp mam Crossgolf Cup ze verbannen. Sou fennt déi 3. Oplag den 15. August 2010 während der Kirmes op eisem Camp statt!

Mir hoffen datt erem vill Leit matmaachen bei deem flotten Event!

May
10

Fotoen an Resultater 2009 online!

Posted by Sven

D’Fotoen an d’Resultater vum Crossgolf Cup 2009 sin online! Merci nach eng Kéier un all d’Leit déi gehollef hun, an un déi 37 Participanten.

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Nov
27

Datum fir déi 2. Oplag

Posted by Sven

Mir hun elo een Datum fir déi 2. Oplag vun eisem Crossgolf Tournoi, an zwar fënnt desen de 9. Mee 2009 erem zu Luerenzweiler statt. Schreiwt iech desen Datum also schon an ären Agenda, et get bestemmt erem flott!

Jun
01

Bilan Crossgolf Cup 2008

Posted by Sven

D’Wieder huet et geschter gudd mat eis gemengt, a sou haaten 28 Participanten vill Spass beim 1. Crossgolf Tournoi zu Luerenzweiler. D’Resultater kann een am Détail ennert Resultater 2008 noliesen.

An der Galerie gin et ausserdem eng ganz Rei Fotoen vun deem flotten Event. Wann nach een weider Fotoen huet, kann en mer déi gären mailen.

Vun hei aus nach eng Kéier e groussen Merci un all d’Participanten, an jidereen deen eis gehollef huet!

May
30

Präisser

Posted by Sven

Nach séier e läschten Bäitrag, ier et muer lass geet. An zwar hu mer nach e puer ganz flott Präisser kritt fir déi beschte Crossgolf Spiller um Tournoi. Nierwt e puer Golfbäll, Golfhanddicher, an Akafsbongen am Hole in one Shop, hu mer enner aanerem och nach een Putter-Set vir am Büro ze golfen, Mini MagLiten, Golf-Bicer, an, an, an.

Wéi ee gesäit, lount et sech also op alle Fall fir matzemaachen!

May
29

E Crossgolfer färt kee Wieder

Posted by Sven

Am Moment gesäit d’Wieder jo net sou immens aus:

Mee dat hält eis awer selbstverständlech net dervun of fir de Samschden ze crossgolfen … Ausser et gett een fatzegt Donnerwieder mat schéine Blëtzer. Dann ass et net onbedéngt fir de Golfschléier um opene Feld ze schwéngen ;) Mee bon, da warde mer einfach bis d’Schauer eriwer ass, an da gett et eréischt richteg lëschteg wann de Ball an e Pull flitt :)

May
21

Urbangolf Video

Posted by Sven

Bei de Kollegen vun Iron 7 hun ech e coole Video vun Urbangolfer (= Crossgolf an der Stat) fonnt:

Bei YouTube gin et iwregens eng hëlle Wull vun lëschtegen Crossgolf Videoen.

Am einfachsten a gënschtegsten kritt een déi néideg Ausrüstung iwer Internet. Hei ass eng kleng Auswiel vun Online Shops déi sech zum Deel och speziell mat Crossgolf befaassen :

  • eBay : Hei kritt een einfach alles, ob gebraucht oder nei. Mat e bessen Chance kann een esou e gebrauchten Set Schléier mat Golfbag fir enner 30 Euro steen.
  • Shop vum Crossgolf-Portal : E Shop speziell fir Crossgolfer. Hei kritt een och extra Material, wéi z.B. Bäll déi am Däischteren liichten, gebrauchte Schléier, oder e kompletten Crossgolf Set. Leider ass d’Auswiel am Allgemengen relativ kleng.
  • Marken-Golf.de : En online Shop mat enger spezieller Rubrik fir Crossgolf. Hei huet een och eng grouss Auswiel u Bäll an Accessoiren.
  • Golf und Günstig : Hei kritt een zwar nemmen nei Saachen ze kaafen, an si hun och keng speziell Crossgolf Rubrik, mee dofir ass d’Auswiel grouss an d’Präisser sin interessant. En neien halwe Set Schléier (1x Holz, 4x Eisen, 1x Putter) kascht z.B. ronn 90 Euro.

Mee och “offline” gin et Méiglechkeet fir Material ze kaafen, och wann hei nach keen eppes vun Crossgolf héieren huet :

  • Golf Planet : E Shop mat klasseger Golf Ausrüstung. Et gin awer och emol interessant Promoen an gebrauchte Schléier (awer nach emmer deier) ze kaafen.
  • Hole in one : E flotten, neien Shop, deen e bessen verstoppt an der Industrie Zone um Howald läit. Hei kritt een nemmen neit Material, an ass fir Crossgolfer mat klengem Budget vläicht manner interessant. Dofir fennt een hei schick Accessoiren wéi z.B. Kaapen, Golfhändschen, oder Kleeder am Allgemengen.

Am gënschtegsten könnt een, wéi gesot, iwert den Internet u séng Crossgolf Ausrüstung. Mee et muss een awer op d’Transporkäschten oppassen, déi vun Däitschland op Lëtzebuerg emol richteg deier könne gin.

May
19

Elektroneschen Golf Caddy

Posted by Sven

Eppes wat een definitiv net beim Crossgolfen brauch, ass dese voll automateschen eleketroneschen Golf Caddy :D

May
18

Crossgolf Ausrüstung

Posted by Sven

Wat brauch een eigentlech fir Crossgolf ze spillen, a wat kascht dat? Amfong brauch een wirklech net vill Material, an et brauch een och net vill Suen dofir auszegin.

Golfschléier

GolfschléierDe Schléier ass natirlech dat wichtegst beim Crossgolfen. U sech könnt een schon ganz gudd mat engem eenzegen Eisen aus. Als gudde Kompromiss gëlt hei een 7er Eisen. D’Zuel vun engem Eisen informéiert iwregens iwert d’Schréi (Fachbegrëff “Loft”) vum Schléierkapp. Wat méi flach, wat de Ball méi wäit flitt. Nëtzlech sin och Wedges wéi zum Beispill e Pitching Wedge (PW) oder Sand Wedge (SW). Dess hun een relativ héigen Loft, an eegenen sech besonneg gudd a schwieregem Terrain (Sand, héicht Gras).

Fir den Ofschlag sin Hölzer ganz gudd ze gebrauchen. Virun allem den typeschen “Klong” wann een de Ball richteg mat deem riesen Schéierkapp trefft, ass einfach derwert esou een Schléier an sengem Sortiment ze hun.

Schliesslech gett et nach de Putter, deen een och vum Mini-Golf hier kennt. Desen eegent sech awer nemmen bedingt fir Crossgolf, vu datt een nemmen seelen e schéinen “Green” huet wou een kann drop putten.

Weider Détailer iwert déi verschidden Zorten vun Schléier kritt een op Wikipedia.de.

Am bellegsten könnt een un e Satz Schléier, wann een sech z.B. op eBay e gebrauchte Satz steet. Et gin awer och e puer interessant Online Shoppen, mee heirop kommen ech an engem separaten Bäitrag zréck. Gebraucht kann een mat vill Chance e komplette Set schon fir ca. 25 bis 50 Euro kréien.

Bäll

GolfballCrossgolf kann een mat klengen Tennisbäll, Softgolfbäll, Softgummibäll, oder Trainingsbäll spillen. Mee am meeschte Spass mecht et definitiv mat richtege Golfbäll. Och hei ass et am gënschtegsten wann een gebrauchte Bäll am 30er oder direkt am 100er Paak keeft, well et geet sécher méi wéi een verluer :)

Besonneg beléiwt a gënschteg sin sougenannt Lakeballs (ofgesoffe Bäll déi aus de Weiheren op de Golfterrainen erem erausgefëscht gin), oder Rangeballs (Bäll déi benotzt gin fir Ofschléi ze trainéieren). Wann een awer nei Bäll well kaafen, dann am beschten direkt am grell orange, oder giel. Déi fennt een einfach besser um Terrain erem.

Déi bëllegst gebrauchte Bäll kaschten sou ab ca. 30 Cent pro Ball. Nei Golfbäll kritt een ab ca. 70 Cent.

Accessoiren

IMG_5360.JPGE Ball an e Schléier gin amfong schon duer fir Crossgolf ze spillen, mee et gin nach eng Rei Accessoiren déi d’Spillen erlichteren.

E Golfbag ass extrem nëtzlech soubaal een méi wéi een Schléier huet. Nierwt de Schléier kann dobei och e puer Golfbäll an Tee’en dran verstauen. Et brauch een awer net onbedéngt sou een riesen Deel fir eng Dozen Eisen an Hölzer. Wann een just e klengen Set huet, eegent sech och prima e sougenannten Pencilbag (deen op der Foto kascht ca. 25 Euro).

En Tee ass dee klegen Holzbengelchen wou een de Golfball fir den Ofschlag drop setzt. Des sin tiptop fir op der Wiss oder um Feld en Ofschlag ze maachen, mee um Beton bréngen déi natirlech näicht. Fir um harde Buedem een Ofschlag ze maachen, eegenen sech sougenannt Wintertees, déi aus Kautschuk bestinn.

Dat wier u sech dat wichtegst wat een als Crossgolfer sou brauch. Wien dann och nach gudd beim Crossen well ausgesin, dee keeft sech nach een Visor an eng Golfhändsch :)