Crossgolf Cup Lëtzebuerg

3. Crossgolf Tournoi de 15. August 2010 zu Luerenzweiler

May
17

Crossgolf Tour

Posted by Sven

Geschter hun den Ander, de Nico, an ech déi éischt 3 “Lächer” gespillt, fir de Par fest ze leen. Mir haten nawell vill Spass dobei :)

IMG_5361.JPG

Weider Fotoen gin et an der Galerie.

May
16

Softgolfball getest

Posted by Sven

Läschte Weekend hun ech fir d’éischte Kéier eis Tournoisbäll getest. Ech sin wirklech erstaunt wéi gudd se fléien (wann een se dann emol richteg trëfft). Wann een se sou am Grapp huet fillen se sech wirklech no “Plastik Fantastik” un, a si gesin och esou aus. Och vum Gewiicht hier sin se däitlech méi liicht wéi normal Golfbäll. Mee dat soll jo och esou sin, vu datt mer jo keng Fensteren duerch- oder Leit of- schéissen wëllen :) D’Bäll spillen sech, wéi gesot, awer tiptop.

Eenzegen Nodeel : et fënnt een se genau sou schlecht am héigen Graass erem wéi déi normal Golfbäll :( A vu datt se aus relativ mellem Plastik sin, muss een och oppassen, datt den Hond se net erwëcht, well soss sin se séier platt geknaat. Gell Herbie? Lecker Ballaballa.

May
09

D’Bäll sin do!

Posted by Sven

Haut sin eis Turnéier-Bäll mat der Post komm. 14 Päck à 6 Bäll missten hoffentlech duergoen :)

De Shop vum Crossgolf Portal huet do wirklech schnell geliwwert, kann ech nemmen empfehlen. Et sin och nach puer Gadgeten dobei gewiercht, déi mer dann eventuell nach bei eis Präisser bäileen.

May
08

Offiziellen Flyer endlech färdeg

Posted by Sven

Mir hun elo och endlech en offiziellen Flyer färdeg. Dir könnt deen gären benotzen fir un är Frenn ze schécken. Et gett och nach méi eng héichopléisend Versioun. Wann een déi wellt hun, einfach en Mail schreiwen.

May
08

Crossgolf Fotoen

Posted by Sven

Mir hun elo och nach eng kleng Galerie ageriicht mat “Action” Fotoen vun Crossgolf, fir datt een sech e Bild ka maachen, wéi Crossgolf iwerhaapt “um Terrain” ausgesin kann.

IMG_2866.jpg

Vill Spass :)

May
07

Location steet offiziell fest!

Posted by Sven

Mir kruuten elo den offiziellen OK vum Buergermeeschter, an demno ass den Treffpunkt bei der Zentralschoul zu Luerenzweiler. Vun do aus geet et fort bei déi verschidden “Lächer”.


View Larger Map

May
06

Éischt Fotoen vun der Location

Posted by Sven

An der Galerie sin e puer Fotoen vun der Location wou den Tournoi wärt statt fannen.

IMG_5313.JPG

May
06

Déi éischt Umeldungen

Posted by Sven

Déi éischt 4 Leit hun sech schon ugemellt! Woumat mer dann och schon déi éischt Grupp hätten déi den 31. um 10 Auer op d’Ronn geet.

Mir hoffen natirlech datt et net bei 4 Leit bleiwt :)

Um Tournoi gett mat Softgolfbäll vun der Marque Brandfusion gespillt. Dess Bäll sin vum Gefill beim Ofschlag hier ähnlech wéi een normalen Golfball, ausser dass se just hallef esou wäit fléien a kee Schued uriichten wann se mol widert eng Fenster fléien. Et kann een se ouni Problem aus der Loft fänken, an si schwammen souguer. Hei de Fenster-Crash-Beweis:

Wéi ee gesäit muss ee schon enorm op de Ball knuppen (aus kuerzer Distanz) fir datt esou eng Fenster futti fiert.

Mir benotzen des Bäll aus Sécherheetsgrenn, vu datt mer och emol méi no bei Gebeier spillen.

May
05

1. Crossgolf Cup in Luxemburg

Posted by Sven

Sorry, aber dieser Beitrag ist leider nicht auf Deutsch verfügbar.