De 15. August 2010 fënnt, noom Succès vun den Oplagen 2008 an 2009, den 3. Crossgolf Cup zu Lëtzebuerg statt. Dest Joer fennt den Tournoi am Kader vun der Kirmes op eisem internationelem Guiden a Scouts Camp tëschend Luerenzweiler an Hensdref statt.
Beim Crossgolf Cup kann jidereen matmaachen, och wann en nach ni e Golfschléier an der Hand hat. Et gin just e puer Regelen un déi een sech muss haalen. Wanns de nach ni eppes vun Crossgolf, X-Golf, Streetgolf, oder Urban Golf héieren hues, da lies deen klengen Artikel “Wat ass Crossgolf?“.
Fir Iessen a Gedrénks sur Place ass iwregens gesuergt!
Oflaaf
D’Participanten gin a Gruppen vun 4 bis 6 Leit agedeelt, an deenen se déi verschidde “Lächer” gemeinsam werten spillen (jidereen gett awer natirlech eenzel gewert). Et kann een also och eleng kommen, an dann mat aaneren am Grupp op den Tour goen. Et geet an all Grupp een vun den Organisatoren mat, deen d’Schléi opschreiwt.
Ab 13 Auer geet déi éischt Grupp lass. Am 20 Minuten-Takt gin dann déi nächst Gruppen op d’Ronn geschéckt. Um 16 Auer geet déi läscht Grupp op den Tour.
Géint 17 Auer sollten dann all d’Resultater dobannen sin, sou datt d’Präissverdeelung statt fannen kann. Deen mat de mansten Schléi gewennt de Cup. Sollten e puer Leit déi selwecht Unzuel vun Schléi hun, kucken mir wien am beschten um 1. Lach war. Sollten se do och gläichop sin, kucke mer d’Resultat um zweeten Lach, dretten Lach, a.s.w. Wann dann nach emmer ennert den 3 éischten en ex aequo sollt bestoen, dann entscheed d’Lous.
Participatioun
D’Participatioun bedréit 5 Euro pro Persoun, woubei een Softgolfball inclus ass. Fir déi Leit déi um Camp selwer deelhuelen ass d’Participatioun iwregens gratis.
Präisser
Fir déi éischt 3 Plaatzen gin et flott Coupen ze gewannen! Deen allerläschten kritt zudem och nach eng speziell Coupte
Material
Wien Golfschléier doheem huet, dierf déi roueg matbréngen. Erlabt sin nemmen Eisen (3-9) a Wedges (PW, SW, LW, …). Wien keng eegen Schléier huet, kann e Schléier geléint kréien.
Am Startgeld ass een Softgolfball (Brandfusion Practise Ball oder almostGOLF Point 3) abegraff. Wann dee während dem Spill sollt verluer goen, kann een e weidere Ball fir 1,50 Euro kaafen.
Organisatioun
Organiséiert gett de Crossgolf Cup vun de Luerenzweiler Guiden a Scouten.
Weider interessant Informatiounen
Kuck och an eise Blog eran, do get et nach déi eng oder aaner interessant Informatioun zum Cup an zu Crossgolf am Allgemengen.




E Kommentär schreiwen